Gebuert vum Jonn Happi

 

An engem Duerf am Norden vum Land huet eemol e klengen zefriddenen Mann zesummen mat sengen 3 zauberhaften Kanner, sengen 11 häerzzerräissenden Kanengescher sengen 2 eenzegaartegen Fësch an senger wonnerschéiner souwéi intelligenter Fra gewunnt. All des Kreaturen liewen zesummen a woren glécklech an zefridden…sie woren all Happi huet de klengen Mann ëmmer erëm festgestallt.

 

Bis enges Daags e schrecklecht Accident geschitt ass. Den Pompjeeswon aus dem Duerf krut kéier net méi mat Zäiten an ass schnurstraks an Scheier gerannt an ass bis an Schlofzëmmer vun dem klengen Mann gerannt deen grad am gaangen wor eng Mëttesrascht ze halen.

De klengen Mann hat vill Chance well him ass bei dësem Zesummestouss näischt geschitt.Well d’Haus  enorm Schued hat, hunn Pompjeeën sech entscheet de klengen Mann als Entschiedegung hiren Pompjeeswon ze schenken.

 

Säit dësem Dag un mengt de klengen Mann dass hien Jonn Happi heescht. D’Idyll aus sengem Duerf ass him op eng keier net méi duer gaangen. Hien wollt méi Freed ëmmer méi… Owes wann seng Famill an Déieren geschlof hunn ass hien heemlech an säin Keller gaangen an huet ugefaangen un sengem Ideen an dreem ze brikoléieren….

 

Ween ass den Happi?

 

Den Jonn Happi lieft grad elo. Hien lieft de Moment. Hien ass begeeschtert vun der Géigewaart, allem wat authentesch ass, de Pannen a Feeler mat alle Niewewierkungen. Dat deet him gutt!

 

Hien ass faszinéierten Freestyler an lauschtert gär Chopin an 90er Elektro-Pop. Sief et romantesch-hektesch Jonglerie,riskéiert Gläichgewiichtsroutinen oder zäitgenësseschen Danz...den Jonn Happi beräichert de Moment andeem du liefs.