Spektakel Super Show

 

Jonn Happi Super Show

 

Endlech ass hien zeréck. Back in the house! Dat Bescht aus de leschten 30 Joer Jonn Happi Bühne Show ass elo an eng eenzegaarteg Super Show gepackt ginn. Zäitgenösseg, elegant a charmant tittelt sech den Jonn Happi selwer. Seng Show ass e Cocktail aus Ironie, Talent, Opreegung, Pannen an Applaus. Ob Zirkus, Zauberei oder Danz, den Jonn Happi meeschtert einfach alles. Komm laanscht iwwerzeeg dech selwer an deel des schéin Momenter zesummen mam Jonn Happi an sengem charmante Publikum.

 

 

 

  • E Spektakel firt ganz Famill
  • Genre: Een Mann Zirkus Varieté
  • Dauer: 50 Minuten

 

 

         

           

 

           Technescht Blat

 

  • Bühneplatz ouni Tribün 8 Meter Längt x 8x Meter Déif 5m Héischt
  • Bühneplatz mat Tribüne fir baussen 18x18 Meter (Optioun)
  • Zielgrupp: Ganz Famil (ab 5 Joer)
  • Musekanlag/Mikro autonom
  • Quiz-Molbuch fir all Kannt nom Spektakel
  • Minimal-Maximal Publikumsunzuel: 80-400 Leit
  • Zaït fir Opzeriichten: 80-180 Minuten (hängt vun der Optioun of)
  • Zaït fir Ofzeriichten: 30-70 Minuten (hängt vun der Optioun of)

 

       Verschidden Optiounen vum Spektakel:

  • Spektakel mat oder ouni Tribüne
  • Spektakel mat oder ouni Luchten
  • Spektakel mat oder ouni Popkorn