Langweil kann och mol gutt doen. Awer net ëmmer! Wann dir d'Zäit ze laang doheem get, proposéieren ech dir verschidden kleng Workshops ronderëm Beweegung, Koordinatioun, Spaass an Spill. 

 

Wann's du des 12 kleng Workshops färdeg brengs kriss du eng exklusive Jonn Happi Akademie Auszeechnung perséinlech heemgeschéckt.

 

Als Beweis dass du des Auszeechnung och wirklech verdingt hues, sollst du déi 12 Workshops emmer kuerz filmen an e klengen Videofilm vun maximal 4 Minuten zum Schluss vun deser Challenge un mech schécken.

 

Alleng oder zesummen mat dengen klengen/groussen Geschwëster oder mat dengen Elteren bidden ech dir flott kleng Aktivitéiten fir däin Alldag un. An denk drun, wann den Hausarrest eriwwer ass, kanns du gären mat all deenen Saachen weidermaachen. Mir gesinn eis,...an net nëmmen um Bildschirm.

 

bleif fit,

Jonn Happi

Challenge Nummer 1

Challenge Nummer 2

Challenge Nummer 3

Challenge Nummer 4

Challenge Nummer 5

Challenge Nummer 6

Challenge Nummer 7

Challenge Nummer 8

Challenge Nummer 9

Challenge Nummer 10

Challenge Nummer 11

Challenge Nummer 12